Ouvrages récompensés par le Prix Servais 

 

2015

Administrator (admin) on 05 Oct 2015

Roland Meyer

Roland Meyer
Roughmix. Roman.

Edition Op der Lay

Motivatioun vum Jury

«Roughmix vum Roland Meyer ass en aktuellen, spannenden an amusante Roman, deem seng ongenéiert Tonalitéit a bewosst fragmentéiert Form de Lieser iwwerraschen. Ouni Kompromësser blécke verschidden, an hirer schifer Individualitéit plastesch erausgeschafften Erzieler zréck op hiert Liewen zu Lëtzebuerg an op hir Dreem vun enger Flucht an aner Länner, déi sech awer all als stereotyp an illusionär Aussteiger-Destinatiounen erausstellen. Mat enger gepefferter Ironie a voller Uspillunge kritiséiert den Text all Moudephänomener an all Forme vun Ideologie, siefe se politesch, moralesch oder literaresch.
D’Romanform beandrockt duerch e gelongene Wiessel vun den Erzielperspektiven, eng ënner anerem vun der Rockmusek inspiréiert Kompositioun an duerch e Schreiwen, an deem verschidde Stiler (Roman, Tagebuch, Journalismus) matenee verbonne ginn. Wéinst dëser ganz eegener schrëfstellerescher Leeschtung, wéinst dem schaarfen, kaleidoskopaartege Bléck op d’Gesellschaft, awer och fir op e wichtege Moment vu Reflexioun iwwer d’Sprooch an d’literaresch Kreatioun hinzeweisen, zeechent de Jury dëst Wierk vum Roland Meyer aus.

Roughmix ass a Lëtzebuerger Sprooch geschriwwen an ass am Verlag Op der Lay zu Esch-Sauer erauskomm. »

 

« Roughmix de Roland Meyer est un roman d’actualité, haletant et divertissant, dont la tonalité désinvolte et la forme délibérément décousue sauront surprendre le lecteur. Plusieurs narrateurs, dépeints dans toutes les facettes de leurs personnalités décalées,  se  livrent,  sans  concessions,  à  des  rétrospections  sur  leur  vie  au  Luxembourg et sur leurs rêves de fuite vers d’autres destinations, qui se révèlent comme autant d’échappatoires stéréotypées et illusoires.
Au travers d’une ironie mordante, fourmillant de clins d’œil et de détails accusateurs, le texte se moque de tout phénomène de mode et questionne toutes formes d’idéologies, qu’elles soient politiques, morales ou littéraires. L’insaisissable composition narrative, qui s’inspire notamment de la musique rock, est associée à un style protéiforme qui mêle écriture romanesque, écriture de l’intime et écriture journalistique. Le jury a donc décidé de récompenser Roland Meyer pour sontravail singulier de l’écriture romanesque, pour le regard cinglant porté sur la société, mais également pour souligner l’important moment d’observation et de réflexion sur la langue et la création littéraire que fournit son œuvre. 
Roughmix paraît en langue luxembourgeoise aux éditions Op der Lay à Esch-sur-Sûre.»

Back